Date: 12.04.2023 - 09.07.2023
De Freideg, 3. Mäerz 2023 huet de Volleksbildungsveräin eng gefouert Visitt am City Museum organiséiert: “Komm, mir grënnen e Veräin”. Eis Presidentin, d’Arlette Frascht, hat eis scho virun der Ausstellung drop opmierksam gemaach, dat de Curateur vun der Ausstellung e Video iwwer eise Veräin wëllt ophuelen fir am Kader vun der Ausstellung ze weisen. All d'Participanten konnten sech de besonnesche Video dunn ukucken. Mir hate gehofft, de Video mat de Persounen déi mat an d’Ausstellung waren, kënnen ze deelen. Aus techneschen (3D-Format) an auteursrechtlechen Grënn ass dat leider net méiglech. Dofir erlabe mir eis just eng Foto vun eiser Presidentin als Erënnerung an eis Galerie setzen, wéi si am Video d’Geschicht vum Volleksbildungsveräin erzielt huet, a wéi si do opgetratt ass.
Dem Arlette e grousse Merci fir säin onermiddlechen Asaz fir de Veräin an der Vergaangenheet, an hoffentlech nach laang an der Zukunft.
Jean-Pierre Staus, Vize-President